Historique du BC Hobscheid 89

E bësse Geschicht: Viru 25 Joer…

An der Gemeng Habscht gouf et bis am Joer 1989 keng Sportshal.

Et hu sech am Fréijoer vun deem Joer dunn e puer Frënn aus der Gemeng zesummegedoen an haten d’Iddi fir de Badminton- oder Fiederballclub Habscht ze grënnen.

Well jo esou zimlech jiddereen a jonke Joeren op der Strooss oder an der Vakanz eng Rackett an der Hand hat, war den Undrang vu Fiederballsfrënn immens grouss. Mir hu musse mat Stoppaueren niewent deenen 3 Terrain'e stoen, dass och jiddereen op seng Käschte géing kommen an e puer Minutte spillen konnt.

Duerch de Wiessel an d'Sportshal op Äischen am Joer 2001, wou 5 Terrain’en fir Dubbel- an Eenzelmatcher agezeechent sinn, hu mer eis dunn zur Aufgab gemaach de Jugendlechen aus der Gemeng an och aus der Ëmgéigend eise Sport méi no ze bréngen.

Am lëtzebuerger Championnat hu mer iwwert déi Joeren ëmmer op d'mannst mat enger wann net zwou Senior’s-Equipen deelgeholl an an deene läschte Joeren och ëmmer mat zwou Jugendequipë gespillt.

Duerch den Asaatz vu ville Fräiwëllegen ass ët eis gelongen iwwert elo 25 Joer dës flott Sportaart an eiser Gemeng opriicht ze erhalen an auszebauen.

Mir hoffen dass der nach e puer dëser flotter Joeren derbäi kommen.

D'Statute vum BC Habscht'89 kënnen op folgendem Link nogekuckt gin:

Mémorial C N°1787 du 17/12/2002

Visit www.fbetting.co.uk Review Betfair